D'Knéirenn (Saxifraga granulata), ass eng Aart vun der Gattung Saxifraga aus der Famill vun den Saxifragaceae.
Dem Heng Klees no huet si nach follgend Nimm: Knërren, Knereen, Knéiren, Käilkraut. Op Däitsch heescht d'Planz "Knöllchen-Steinbrech", op Franséisch "Saxifrage granulée".
D'Planz ass tëscht 15 a 40 cm héich a blitt tëscht Mee a Juni. Si wiisst gären am moore Gréngland.
D'Knéirenn ass eng Heelplanz géint Nieren- a Bloderkränkten.
Et gëtt 2 Ënneraarten:

Saxifraga granulata ssp. graniticola D. A. Webb Saxifraga granulata ssp. granulata L.