D'Scheekefriichten (och: Fabaceae oder Leguminosen) sinn eng Famill vun de Bléieplanzen.
Si hunn hiren Numm vun der "Scheekefruucht", engem Fruuchttyp deen an allen Ënnerfamillen an nëmmen do virkënnt. Wa sou eng Scheekefruucht zeideg ass, da geet se meeschtens un der Bauch- a Réckennout op. Bei verschiddene Mimosoideae kënnen och e puer Friichten zu enger Sammelfruucht vereent sinn.
Bekannt Beispiller aus där Famill sinn d'Bounen, d'Ierbessen, d'Lënsen, mee och d'Kakuetten.
Vun de Gattunge steet hei just eng Auswiel.