dcsimg

Lënsen ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Lënsen (Lens) sinn eng Planzegattung an der Ënnerfamill vun de Faboideae bannent der Famill vun de Fabaceae.

D'Lënsenaart Lens culinaris ass déi Aart, déi als Nahrungsplanz ugebaut gëtt an dofir a ville Kulturen eng Roll spillt.

Beschreiwung

D'Lens-Aarte si meeschten eejäreg, krauteg Planzen. D'Blieder wuessen zu zwee an zwee, mat zwou bis aacht Koppele pro Still. D'Bléie wuessen u Kludderen, an hunn eng wäiss, hellmof oder bloelzeg Faarf. An der Scheekefruucht, déi sech draus entwéckelt, sinn ee bis zwéi Somkären, déi ofgeflaacht a ronnelzeg sinn.

D'Gattung Lens ass virun allem am Mëttelmierraum bis Zentralasien verbreet. Si kënnt an Europa, Nordafrika, am Mëttelsen Oste bis an de Kaukasus vir. Doriwwer eraus ass se op de Kanareschen Inselen, am tropeschen Afrika an och bis an Indien verbreet ginn.

An der Gattung Lens gëtt et 4 oder 6 Aarten:

 src=
D'Somkäre vu verschiddenen Ziichtunge vun der Lens culinaris.

Um Spaweck

Commons: Lënsen – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Lënsen: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )